Präisser

Foto-Shooting dobaussen an der Natur – Familjefotoen, Koppelsfotoen, Schwangerschaftsfotoen, Kannerfotoen, Baby’en (ab +/- 6 Meint), am Präis abegraff sin 15 Fotoen digital: 300 Euro

Foto-Shooting dobannen am Studio – Familjefotoen, , Schwangerschaftsfotoen, Kannerfotoen, Baby’en), am Präis abegraff sin 15 Fotoen digital: 300 Euro

Präiss fier eng Séance dobannen an dobaussen, am Präis abegraff sin 20 Fotoen digital: 400 Euro

Präiss fir Newborn Fotoen, mat Fotoen vun deem neigebuerenen Bebe bis 10 Deeg (maximal 14 Deeg), am Präis abegraff sin 15 Fotoen digital: 350 Euro

Präiss fir Schwangerschafts-Shooting + Newborn Fotoen, mat Fotoen vun deem neigebuerenen Bebe bis 10 Deeg (maximal 14 Deeg), am Präis abegraff sin 30 Fotoen digital: 600 Euro

Präiss fir eng Schwangerschaftsserie (Detailer heizou fannt der bei mengen Schwangerschaftsfotoen), mat Fotoen ab dem 3-4 Mount vun der Schwangerschaft, eng Fotoséance am 8-9 Mount vun der Schwangerschaft an no der Schwangerschaft eng Fotosséance mat deem klenge Butz (d’Fotoen digital): 800 Euro

Präiss fir eng Serie Newborn – 1 Joer (eng Beispill-Foto gesidd der ennert der Rubrik “Baby”) , mat Fotoen vun Aerem Bébé all Mount, bis en 1 Joer aal as, eng Fotoséance am Ufank an eng mei speit vun deem klenge Butz (d’Fotoen digitial): 950 Euro

Kommioun (Fotoen dobaussen oder am Studio):
15 Fotoen digital : 300 Euro

Remerciement = 40 Euro de Layout + Praiss vum Remerciement

Smash-Cake Shooting: Do maache mer dann fierteicht puer “normal” Fotoen. An duerno dann mam Kuch an zum Schluss geet d’Kand dann nach an d’Biitchen mat Waasser. (20 Fotoen digital): 350 Euro

Kalennershooting: Fier all Mount gett spezifisch zu deem passenden Mount eng Foto gemaach (z.b. Januar mat Mutz, Jacket a Schlitt, Febuar verkleed, März…): 400 Euro
(De Praiss as just fier de Shooting, ouni Kalenner. Ee Joereskalenner kennt dir bei mir bestellen, Detailer gin noom Shooting geklärt).

Präisser fir Entwécklungen, Arummen, op Toile gedréckt, oder hannert Plexiglas: je no Gréisst… en ongeféiren Präis soen ech Iech iert der Iech fir eppes entscheed, en detailléierten Devis kritt der wann der Iech fir eppes entscheed hutt.

Remerciement: Tëscht 0,50 Euro an 5 Euro pro Remerciement (mat oder ouni Enveloppe). Dat hänkt vun der Gréisst of. 40 Euro froen ech fir de Layout. – Beispiller fier ze weisen hun ech a mengem Studio.

Fotobuch: Dier kennt bei mier e Fotobuch maachen lossen. D’Greisst as DinA4. D’Fotoen vum Shooting gin all dragemaach. Haarden Deckel an deck Saiten. Ech hun Bicher bei mier am Studio leien, dei der Iech kennt ukuken.

Pro Foto die der zousätzlich wellt verschafft hun kascht 10 Euro / d’Foto.
Ech gin KENG Fotoen onverschafft eraus.
Des Öfteren gin ech gefroot fier dee Räscht Fotoen, die nit ausgewielt gi sin, onverschafft op Cd-Rom ze kreien. Mee do gett et bei mier keng Diskussioun. Och fier een Oppraiss kennt daat nit a Fro.
Merci fier d’Verständniss.

D’Praisser sin all TVA inclus.

 

(Update vun de Praisser: 27.12.2019 – rdv’en die fierun desem Datum festgeluecht goufen, bleiwen bei deem aalen Praiss)

.