Eng Fotoséance?

Fir bei mir Fotoen ze maachen brauch der Iech just e Rendezvous ze froen. Ech kann mer moies, mëttes, evtl. och engkeier owes an och Samschdesmoies Zäit huelen, sou wei et Iech am beschten geet.
Et as gudd wann der Iech ee Mount am fieraus ee rendez-vous froot, dann as nach mei Meiglichkeet fier een Daag ze fannen wou et jidferengem passt.
Kommt alleng, mat Äre Kanner, bréngt den Hond mat oder soss ee Familljemember 🙂 Alles guer kee Problem.

Dann iwwerleet der Iech ob der d’Fotoen wellt dobannen am Studio oder dobaussen an der Natur maachen (kukt ennert der Rubrik “Präisser”, well daat sin 2 verschidden Angeboter).
Falls der dobannen am Studio d’Fotoen wellt, kennt schon bessen iwerleen weieng Hannergrondfaarw dass der am bäschten fannt. Entweder schwaarz, brong, beige, gro, wäiss oder blo, oder Holz. Dier soot mer dann bescheed wann der hei sidd, waat der wellt.

Eng Sessioun dauert ongefeier eng Stonn… (et hängt vun der Zort vum Shooting of).
Beim Outdoor-Shooting maachen ech noom Shooting eng Selektioun vun deenen bäschten Fotoen. Die gin dann nach vu mier veschafft an dier kritt duerno die faerdich verschafften Fotoen op Cd-Rom (oder iwert een Download-Link, deemno waat der leiwer hudd).

Beim Indoor-Shooting gin déi bescht Fotoen duerno vu vun Iech selwer erausgesicht. Daat geet esou: Ech schecken Iech per E-Mail ee Link iwert deen der Aer Fotoen onbearbicht gesidd. Iwert dese Link kennt dier dann dei Fotoen eraussichen dei Iech am bäschten gefahlen. No Aerer Selektioun bearbichten ech dei vun Iech ausgewielten Fotoen. 
Wann der mei Fotoen wellt eraussichen, da froen ech een Oppräiss pro supplémentair Foto.

Ech kann Iech och Entwécklungen ubidden, Fotoen arummen, op Toile drécken oder hannert Plexiglas maachen loossen. Ech hunn Beispiller bei mir, déi der Iech kennt ukucken iert der Iech fir eppes entscheed.
Och Remerciementen kann ech maachen. Gréisst an den Layout, ganz no Ärem Wonsch.
Hei nach puer (On)wichtech Detailer:
Am beschten déi Leit déi op d’Foto kommen dinn sech unis un. Also an anere Wieder, kee Gezei dat vill gemustert ass, well déi Saachen sinn an enger Dozent Joren aus der Moud an op Ärer Foto fält Iech haaptsächlech deen almoudesche Plover op deen der deemools ugedo hat 🙂
Wa méi Leit op d’Foto kommen, ass et och ëmmer schéin wann der Iech faarwlich passend zoueneen undidd. T’muss awer och nit de Partnerlook sinn… mä ënnen eng Jeans an uewen wäiss… Affaire de Goût… ech schwätzen do kengem dran.